• Immobilien AtHome
  • Startupszene
  • Das Regio Handwerk
  • Werben bei 5vier.de
  • Corona Virus Aktuell

5vier

Nachrichten Trier, Eifel, Mosel

  • Trierleben
    • Stadtrat Trier live – via OK54.de
    • Das Wetter in Trier
    • Kolumne: Sonja – Direkt vom Herzen
  • Region
    • Mosel
    • Saar
    • EIFEL
    • Hunsrück
  • Kultur
  • Wirtschaft
  • Campus
  • Sport
    • Gladiators Trier
    • Eintracht Trier
    • FSV Trier-Tarforst
  • Service
  • Tickets
Aktuelle Seite: Startseite / Veranstaltungen / Family Day am TRIFOLION Echternach

Family Day am TRIFOLION Echternach

5. Mai 2021 von redaktion Kommentar verfassen

Sonndeg | 16. Mee 2021 | ab 10 Auer | öffentlech Veranstaltung | TRIFOLION Echternach

Family Day Trifolion Echternach Plakat - Quelle: Trifolion Echternach
Family Day Trifolion Echternach Plakat – Quelle: Trifolion Echternach

Veranstaltungen fir Grouss a Kleng

Echternach – LUX. Sonntag den 16.05.2021 findet im Trifolion in Echternach Luxemburg der „FamilyDay“ mit zahlreichen „Veranstaltungen für Groß und Klein“ statt. Es lohnt sich nicht nur für den Family Day in das, an der Sauer gelegene, Grenzstädtchen zu kommen, sondern auch für schöne Ausflüge ins Müllertal oder an der Sauer. Die Veranstaltungen werden auf luxemburgisch stattfinden. Deshalb haben wir als kleinen Vorgeschmack euch das Programm schon mal im „O-Ton“ abgedruckt.

Le Program:

10 Auer | Sang a sprang mat mir – En interaktive Familljenconcert mat lëtzebuergesche Lidder, fir Kanner vun 1 bis 6 Joer (Concert)
12 Auer | Yoga mam Katrin Elsen, fir Jugendlecher ab 14 Joer & Erwuessener (Workshop)
13 Auer | Zousazvirstellung: Dany Gales: Kolja a Galina – Wa Kuebe reesen, fir Kanner vun 3 bis 10 Joer (Musikalesch Erzielung)
15 Auer | Dany Gales: Kolja a Galina – Wa Kuebe reesen, fir Kanner vun 3 bis 10 Joer (Musikalesch Erzielung) – sold out
17 Auer | Choraoke – Sing along Concert, fir Jugendlecher & Erwuessener (Matsang-Concert)

Sang a Sprang mat mir

Family Day Trifolion Echternach - Sangasprang Broschüre- Foto: ERMVE_MuMo / Trifolion
Family Day Trifolion Echternach – Sangasprang Broschüre- Foto: ERMVE_MuMo / Trifolion

Fir Kanner vun 1 bis 6 Joer

Wéi klengen de Reen an de Wand? Wouhin geet d’Rees mam klengen Zuch? A wien verstoppt sech an der Buerg vum Ritter Kunibal?

Dat jonkt Publikum kann fläisseg mathëllefe fir dat erauszefannen. D’Kanner an hir Elteren a Grousselteren sangen, sprangen a musizéieren zesummen mat de Museker op der Bün.

D’Lidder sinn eng flott Auswiel aus dem neie Lidderbuch mat CD  «Sang a sprang mat mir» vum Martine Majerus a vum Dominique Steiner.

Gesank & Konzeptioun: Dominique Steiner

Piano: Jos Majerus

Gittar: Riaz Khabirpour

Perkussioun: Benoît Martiny

Bass: Marc Demuth

Dauer: 60 Min. ouni Paus
Sprooch: Lëtzebuergesch

Yoga mam Katrin Elsen

Family Day Trifolion Echternach - Frau macht Yoga - Foto: Julie Schroell / Trifolion
Family Day Trifolion Echternach – Frau macht Yoga – Foto: Julie Schroell / Trifolion

Fir Jugendlecher ab 14 Joer & Erwuessener

De Yoga Cours ass eng Mëschung aus Hatha–Kundalini a Yin Yoga. E meditative Stil, woubäi d‘Otmung d‘Bewegunge féiert. De Schwéierpunkt läit op der Ootmung an dem Späichere vun de Pranas (Liewensenergie). D‘Asanas (Yogahaltungen) gi lues, konzentréiert a bewosst ausgeféiert. De Mënsch gëtt kierperlech, mental a spirituell beréiert. De Prana kann duerch d‘Ootmung an d‘Asanas an d‘Beräicher vum Kierper fléissen an hëlleft bei der Virbeugung vu kierperlecher Péng a mentalem Stress. D‘Energie vun der Wirbelsail gëtt duerch Elementer vum Kundalini Yoga aktivéiert. De Yin Yoga huet eng roueg an entspaante Wierkung op de Kierper an de Geescht.

Virkenntnesser sinn net néideg. All Klasse si gemëschte Levelen.

Matten a Gedrénks bréngen d’Participante selwer mat. Kommt direkt an Ärem Yoga-Outfit – et gëtt leider keng Vestiäre sur Place.

Dauer: 60 Min. ouni Paus

Sprooch: Lëtzebuergesch

Dany Gales: Kolja a Galina – Wa Kuebe reesen

Family Day Trifolion Echternach – Buchastaben S I N G an einer Schnur – Foto: Dany Gales/ Trifolion opyright_shutterstock

E musikalesche Kuebespektakel mat Bildprojektioun fir Kanner vu 3 bis 10 Joer

Di zwee Kueben, Kolja a Galina, liewen a Russland. Well et hinnen am Wanter do ze kal ass, maachen se sech op d’Rees… Ënnerwee begéine si vill aner Déieren. Si froen all Déier, wat et am Wanter mécht, fir net ze fréieren? Di zwee Kueben kréien allerhand Äntwerten! Loosst Iech iwwerraschen a kommt mat op d’Rees…

Den Text, d’Biller an d’Lidder vun dësem flotte Kuebespektakel gi vum Dany Gales, der Autorin vun dëser Kuebegeschicht, selwer virgedroen. D’Geschicht gëtt musikalesch begleet vum Caroline Mirkes um Cello, vum Carmen Würth op verschiddene Perkussiounsinstrumenter a vum Marc Demuth um Kontrabass. D’Kanner gi matt an de Spektakel abezunn, andeems si Geräischer maachen, e Rhythmus klappen, matsangen, an eng Déiereroll klammen oder einfach d’Geschicht antizipéiere kënnen.

Dany Gales – Erzielerin

Caroline Mirkes – Cello

Carmen Würth – Perkussioun

Marc Demuth – Kontrabass

Musikalesch Arrangementer: Bob Morhard an Judith Lecuit

Dauer: 50 Min. ouni Paus

Sprooch: Lëtzebuergesch

Choraoke – Sing along Concert

Family Day Trifolion Echternach - Buchastaben S I N G an einer Schnur - Foto: Shutterstock/ Trifolion opyright_shutterstock
Family Day Trifolion Echternach – Buchastaben S I N G an einer Schnur – Foto: Shutterstock/ Trifolion opyright_shutterstockFamily Day Trifolion Echternach – Buchastaben S I N G an einer Schnur – Foto: Shutterstock/ Trifolion opyright_shutterstock

Fir Jugendlecher & Erwuessener

Dir sangt gären, traut Iech awer net eleng viru Publikum ze sangen? Dann ass dës Veranstaltung genau dat Richtegt fir Iech!

D’Iddi vum Choraoke ass et gemeinsam an ouni musikalesch Virkenntnesser ze sangen an dobäi eng eenzegaarteg & geselleg Atmosphär ze schafen. Begleet vun engem Piano an enger professioneller Sängerin ginn déi bekanntste Lidder aus de leschte Joerzéngten zesumme gesongen.

A Kooperatioun mam INECC Luxembourg (Institut Européen de Chant Choral)

Sängerin: Lynn Berchem

Pianist: Claude Zeimes

Dauer: 60 Min.

UMELDUNG & TICKETS:

Sang a Sprang: Entrée gratis! Umeldung obligatoresch.

Yoga: 20 EUR

Kolja a Galina: 10 EUR

Choraoke: Entrée gratis! Umeldung obligatoresch.

TRIFOLION Ticket Service: 2, Porte Saint Willibrord | L-6486 Echternach | Tel.: +352 26 72 39 500 | ticket@trifolion.lu | www.trifolion.lu

PRESSEKONTAKT:

Fir Akkreditéierungs- oder Interviewufroen kontaktéiert eis ënner:

Natacha Erpelding

Kommunikatioun & PR

Tel.: +352 26 72 39 -207

n.erpelding@trifolion.lu

Pressemeldung des Trifolion Echternach – Bildrechte bei Trifolion

Sharing is caring:

  • Tweet

Ähnliche Beiträge

5. Mai 2021 Kategorie: EIFEL, Region, Veranstaltungen Stichworte: family day 2021

Schreibe einen Kommentar Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.

  • E-Mail
  • Facebook
  • Instagram
  • Twitter

Reklame

Schlagwörter

Arena Trier Basketball Bezirksliga Bezirksliga West Bundesliga Einbruch Eintracht Trier FSV Salmrohr FSV Trier-Tarforst Fußball Gladiators Trier Henrik Rödl Kino Luxemburg Moselstadion Oberliga Oberliga Rheinland Pfalz/Saar Patrick Zöllner Polizei Polizei Trier Regionalliga Regionalliga Südwest Regionalliga West Rheinlandliga Rheinlandpokal Roland Seitz RÖMERSTROM Gladiators Trier Sport Stadt Trier SV Dörbach SV Konz SV Krettnach SV Mehring SV Morbach SWT TBB Trier Theater Trier Trier TuS Koblenz TuS Mosella Schweich Unfall Uni Trier Universität Trier Zeugen Zeugen gesucht

Reklame

Volksbank Trier eG - Logo

Copyright © 2021 · 5vier.de · Impressum · Datenschutz · Wir über uns · JOBS · 5Vier.de Mediadaten

 
×